Wëllkomm op der Internet Säit vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch

Am Zentrum vum Land geleeën, erzielt d’Gemeng Miersch eng spannend an dynamesch Geschicht. D’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch hu sech virgeholl, dës Geschicht op eng modern an zougänglech Aart a Weis un d’Leit erunzebréngen – mat Ausstellungen, Film Projektiounen, Visites guidées an Archivaarbecht.
Wann Dir Loscht hutt, méi iwwer d’Mierscher Vergaangenheet ze entdecken, da gitt Member oder kuckt Iech dës Internetsäit un.