Lager 103 – Operatioun Fräiheetsfonken
Den neie Film fir Kommemoratiounsdag
Den zweeten Deel vum Lager 103 ass viru kuerzem ofgedréint ginn. De Film vun 2026 behandelt weiderhin d’Thema vun der Ëmsidlung an erzielt e.a. déi schicksalhaft Geschicht vum Schneidermeeschter Michel Rehlinger vu Miersch, den zu Boberstein mat senger Famill internéiert war. Am fréiere Schlass vu Boberstein, haut Bobrów (PL), haten d’Nazien ee Lager fir déi Lëtzebuerger Ëmgesidelt installéiert. Si goufen hei an eng schappeg an ongerecht Welt gestach.
De Film bestëcht virun allem duerch déi nohalteg Zeenen déi sech am Lager 103 ofspillen an déi dem Lager vun 1943 originalgetrei noempfonnt goufen. Wärend dem de Mierscher Ortsgruppenleiter a seng Band sech an der Heemecht iwwert d’Schicksal vun den Ëmgesidelte freeën, loossen déi sech awer an der Friemd net ënnerkréien.

Zënter dem Joer 2020 realiséieren d’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch zesumme mat de Guiden a Scoute vum Grupp Saint Michel all Joer ee Film fir Commemoratiounsdag, deen engem vun eisen Affer vum Zweete Weltkrich gewidmet ass. Et ass dëst also schonn de 7. Film aus der Rei vun de Commemoratiounsfilmer, déi mer all Joer engem gréissere Public wëllen zougänglech maachen.
Mat villen detailléierte Recherchen, authentesche Kulissen a groussem Engagement soll dëse Projet d’Erënnerung un d’Affer vum Zweete Weltkrich aus der Gemeng Miersch lieweg halen. De Film gëtt wéi all Joer och dëst Joer nees eng éischte Kéier op Commemoratiounsdag an der Mierscher Kierch gewisen.
