An der Gemeng Miersch gouf et zanter dem 19. Joerhonnert Fraen a Männer, déi sech fir d’Geschicht vun hirer Uertschaft interesséiert hunn. Sou huet den Dechen Majerus, deen 1875 am Paschtoueschhaus zu Miersch gestuerwen ass, e Manuskript hannerlooss, dat de Paschtouer Grob vervollstännegt an 1900 ënner dem Titel Die Geschichte der Pfarrei und Herrschaft Mersch; ein Beitrag zur vaterländischen Geschichte publizéiert huet. 1980 hunn d’Amis du Vieux Mersch eng Faksimile‑Ausgab dovun an der Dréckerei Fr. Faber & Fils erausginn gelooss.
1949 hunn eng Rei Auteuren e puer bemierkenswäert Aufsätz iwwer d’Mierscher Geschicht an enger Monographie vun de Cahiers Luxembourgeois publizéiert. Aus dem Joer 1950 staamt d’Geschichte von Mersch vum Joseph Reuter, geschriwwen bei Geleeënheet vun der 100‑Joer‑Feier vun der Mierscher Kierch.
1966 koum fir d’éischte Kéier eng Grupp vu Mierscher Geschichtsfrënn zesummen an huet d’Amis du Vieux Mersch gegrënnt. Fir och déi aner Uertschaften an der Gemeng geschichtlech mat ze erfaassen, gouf 1996 duerch eng Statutenännerung d’Vereenegung Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch geschaaft.
Dës Vereenegung huet sech d’Zil gesat, dat geschichtlecht Kulturgutt vun der Gemeng Miersch ze sammelen, ze archivéieren an et an Form vun Ausstellungen, Filmer, Bäiträg an der Gemengen Zeitung an duerch historesch Visites guidées un déi interesséiert Bierger/-innen weiderzeginn.
Fir eis Sammlung ze vergréisseren a weider ze completéieren, si mir op Är Ënnerstëtzung ugewisen. Wann Dir am Besëtz vu Fotoen, Diaen, Filmer, Doudebiller, Postkaarten, Publikatiounen, Medailen, Affichen, Bréiwer oder alen Zeitungsartikelen a Kaafakten sidd, da mellt Iech wgl. bei engem Member vun eiser Vereenegung. Mir kopéieren Ärt Material, fir et fir d’Zukunft ze erhalen – an d’Originaler kritt Dir direkt nees zeréck.
Wann Dir Loscht hutt, an eiser Vereenegung matzeschaffen, sidd Dir zu all Moment häerzlech wëllkomm.
